Regierung Frieden-Bettel

D'Regierung Frieden-Bettel ass zanter dem 17. November 2023 eng Koalitiounsregierung aus CSV an DP, déi aus de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 zu Lëtzebuerg ervirgaangen ass. Si baséiert um Koalitiounsaccord, deen de 15. November 2023 vun deenen zwou Parteien op ausseruerdentleche Kongresser guttgeheescht[1],[2] an deen Dag drop ënnerschriwwe gouf[3]. Regierungschef ass de Luc Frieden (CSV), Vizepremier de Xavier Bettel (DP).

Et ass fir d'éischt zanter 19 Joer datt, no der Regierung Juncker-Polfer (1999-2004), eng CSV-DP Koalitioun d'Regierung stellt.

Si besteet aus 15 Ministeren.[4]

  1. "Gréng Luucht fir Koalitiounsaccord: DP kritt 7 Minister, Eric Thill a Stéphanie Obertin nei mat dobäi." rtl.lu, 15.11.2023.
  2. "CSV huet de Koalitiounsaccord eestëmmeg ugeholl. rtl.lu, 15.11.2023.
  3. "L'accord de coalition est signé, voici les premières mesures du prochain gouvernement." virgule.lu, 16.11.2023.
  4. Assermentation des membres du gouvernement 2023. gouvernement.lu, 17.11.2023.

© MMXXIII Rich X Search. We shall prevail. All rights reserved. Rich X Search